Roland Meyer Laureat des Prix Servais 2015

Die Fondation Servais verleiht den diesjährigen Prix Servais an Roland Meyer für seinen Roman „Roughmix“.

Begründung der Jury : “Roughmix vum Roland Meyer ass en aktuellen, spannenden an amusante Roman, deem seng ongenéiert Tonalitéit a bewosst fragmentéiert Form de Lieser iwwerraschen. Ouni Kompromësser blécke verschidden, an hirer schifer Individualitéit plastesch erausgeschafften Erzieler zréck op hiert Liewen zu Lëtzebuerg an op hir Dreem vun enger Flucht an aner Länner, déi sech awer all als stereotyp an illusionär Aussteiger-Destinatiounen erausstellen.

Mat enger gepefferter Ironie a voller Uspillunge kritiséiert den Text all Moudephänomener an all Forme vun Ideologie, siefe se politesch, moralesch oder literaresch. D’Romanform beandrockt duerch e gelongene Wiessel vun den Erzielperspektiven, eng ënner anerem vun der Rockmusek inspiréiert Kompositioun an duerch e Schreiwen, an deem verschidde Stiler (Roman, Tagebuch, Journalismus) matenee verbonne ginn.

Wéinst dëser ganz eegener schrëfstellerescher Leeschtung, wéinst dem schaarfen, kaleidoskopaartege Bléck op d’Gesellschaft, awer och fir op e wichtege Moment vu Reflexioun iwwer d’Sprooch an d’literaresch Kreatioun hinzeweisen, zeechent de Jury dëst Wierk vum Roland Meyer aus. Roughmix ass a Lëtzebuerger Sprooch geschriwwen an ass am Verlag Op der Lay zu Esch-Sauer erauskomm.”

Réservation en ligne
Dernière mise à jour