Prix Servais 2018 fir de Nico Helminger

De Servais-Präis geet fir di zweete Kéier un de Nico Helminger ; 2018 fir seng Erzielungen "Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge".

 

An der Begrënnung vun der Jury heescht et:

„Dëst Wierk ass e staarken neie Moment an der Entwécklung vum postmoderne Roman an der lëtzebuergescher Literatur. Déi kontrapunktesch Erzielstruktur spillt mat literaresche Gattungen, verbënnt philosophesch a kënschtleresch Iwwerleeungen, an dat an enger weltliterarescher a kulturtheoretescher Perspektiv. De Protagonist, vu senger Loge eraus, werft e kriteschen a wéineg kamoude Bléck op sozial Konditionéierungen, Ideologien a Virstellungen, deenen den Individuum an der zäitgenëssescher, globaliséierter Gesellschaft ausgesat ass. Konsumrausch, Burn-out, Nation Branding, Finanzskandaler gi kommentéiert an de Verloscht vun der Komplexitéit vum Denke bloussgestallt. D’Sprooch ass aussergewéinlech staark an duerchgängeg iwwerzeegend, op am Ëmgank mam Humor, am Erëmgi vun abstrakten Iddien oder an der Beschreiwung vun tëschemënschleche Bezéiungen a sexuellem Pleséier.“

 

De Servais-Präis gëtt zanter 1992 all Joer vun der Fondation Servais fir e literarescht Wierk aus Lëtzebuerg verginn.

Réservation en ligne

Dernière mise à jour