Entdeckt luxroots.org

D’Lieser vun der Nationalbibliothéik hunn elo Zougrëff op eng weider Datebank: Luxroots.org enthält eng ëmfangräich Sammlung vu genealogeschen Dokumenter, déi haaptsächlech de Grand-Duché a seng Nopeschregiounen ofdecken an déi sech iwwer méi wéi dräi Joerhonnerten erstrecken.

D’Datebank ëmfaasst den Ament iwwer 3 Milliounen Datesätz, dorënner iwwer 2 Millioune Gebuertsschäiner mat Detailer, wéi Gebuertsdatum an -uert oder d’Nimm vun den Elteren; iwwer 342.000 Actes de mariage mat Informatioune wéi den Nimm vun der Koppel, vun den Elteren a vun den Zeien; an iwwer 686.000 Doudeschäiner, mat Detailer wéi Stierfdatum an -uert oder de Familljestand an Doudesursaach.

D’Datebank kann nëmmen am Gebai vun der Nationalbibliothéik consultéiert ginn.

Zougrëff via a-z.lu

▪ D’Informatiounen an dësem Artikel sinn zum Zäitpunkt vu senger Publikatioun korrekt. Beuecht wannechgelift, datt sech eis digital Offer stänneg weiderentwéckelt. Dowéinst kënne verschidden Informatiounen, wéi z. B. d’Modalitéite fir den Zougrëff oder den Inhalt vun Datebanken, säitdeem geännert hunn oder net méi aktuell sinn.

Aktualiséiert