Musekssammlung vum Cedom
Musekssammlung vum Cedom
Säit hiren Originne sammelt a konservéiert d’Nationalbibliothéik musikalesch Dokumenter. De Centre d’études et de documentation musicales (Cedom), dee 1989 gegrënnt gouf, huet d’Aufgab den handgeschriwwenen a gedréckte Musekspatrimoine vu Lëtzebuerg ze sammelen, ze konservéieren an zougänglech ze maachen. Am Zentrum vun der Musekssammlung vum Cedom sti gedréckten an handgeschriwwene Partiture souwéi d’Archivfonge vu Komponisten a Kollektivitéiten, déi mam Museksliewen an der Museksgeschicht vum Land a Verbindung stinn. Zousätzlech zu senger gesetzlecher Missioun huet de Cedom och eng Sammlung vun Tounopnamen – CDen, DVDen, Schallplacken, Tounbänner a -kassetten – a fungéiert esou als zentraalt Museksarchiv zu Lëtzebuerg. En Deel vum net-lëtzebuergesche Fong ass der Musek gewidmet an enthält Bicher, Nouten, Zäitschrëften, E-Books, digital Zeitungen an Datebanken.
Digital Ressourcen
D’Nationalbibliothéik bitt Iech ëmmer méi digital Dokumenter un.
Prêt a Consultatioun
D’Dokumenter vum Cedom a vum net-lëtzebuergesche Museksbestand kënnt Dir online iwwer a-z.lu virbestellen an entweder ausléinen oder op der Plaz consultéieren.
Seelen a wäertvoll Bestänn vum Cedom (handgeschriwwe Partituren, Placken an Audiokassetten oder Dokumenter aus de Komponisten-Archiven) kënnen net mat heem geholl ginn. Dir kënnt se awer iwwer a-z.lu oder op schrëftlech Ufro reservéieren an am Rara-Liessall um 1. Stack consultéieren.
Didaktesch Hefter
D’didaktesch Hefter De Litty sollen den Enseignanten déi noutwenneg Informatiounen a Materialie liwweren, fir de Kanner a Jugendlechen dat kulturellt Liewe vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.
Dokumenter ënnert der Lupp
Eis Mataarbechter maachen Iech op verschidden Dokumenter aus eise Fongen virwëtzeg.
-
‘Jong-Letzeburgs’ Taktgeber
Julien Hoffmann zum 100. GeburtstagFaszinierende Einblicke in ein Musikerleben, das heute fast in Vergessenheit geraten ist: Ein Blick auf den Nachlass von Julien Hoffmann zu seinem 100. Geburtstag.
-
Erënnerung un e villsäitegt musikalescht Talent
Dem Jean-Pierre Kemmer (1923-1991) fir den 100. GebuertsdagKaum e Komponist zu Lëtzebuerg ass esou villsäiteg a produktiv gewiescht ewéi de Jean-Pierre, genannt Jempi, Kemmer. Mat iwwert 700 eegestännege Wierker ass et ee vun deene gréissere Fongen, déi am Cedom vun der Nationalbibliothéik versuergt ginn.
-
Komponist für die Oberschicht Luxemburgs?
Zum 125. Todestag von Jean-Antoine ZinnenJean-Antoine Zinnen wurden bereits zahlreiche Beiträge in Gedenkschriften, Vereinsbroschüren oder Zeitungsartikeln gewidmet. Alle verbreiten eine wohlgeformte Version seiner Biographie, die ein verzerrtes Bild präsentiert.
Publikatiounen
Noriichten
Entdeckt Aktuelles aus der Musekssammlung vum Cedom.
-
Literatur a Musek am Dialog
D’Nationalbibliothéik freet sech, den Erfolleg vun hirem Colloque iwwer d’Zesummenhäng tëscht der Literatur an der Musek am Lëtzebuerger Kulturberäich bekannt ze ginn.
-
Éischten Archiv vun engem Jazzmann am Cedom deposéiert
De Lëtzebuerger Komponist a Jazzpianist Marc Mangen, unerkannt fir seng Kreativitéit an Innovatioun, huet seng Wierker viru kuerzem am Centre d‘études et de documentation musicales deposéiert.
-
Éischt Inventairë vum Cedom senge Museksarchiven op a-z.lu zougänglech
Déi éischt dräi Inventaire vun de Museksarchiven sinn elo online zougänglech. Dës Inventaire bezéien sech speziell op d’Fonge Pierre Nimax sen., Jean-Pierre Kemmer a Lou Koster.
Aktualiséiert