Visitten an edukativ Offeren
Visitten an edukativ Offeren
D’Nationalbibliothéik organiséiert Féierungen duerch hir Raimlechkeeten fir Privatpersounen a Veräiner a bitt och Aktivitéite fir Schoulklassen un. Beuecht wgl., datt privat Gruppevisitten ouni BnL-Guide net erlabt sinn.
Generelle Public
D’BnL organiséiert reegelméisseg Visitten duerch hir Raimlechkeeten.
Veräiner a Gruppen
D’Nationalbibliothéik bitt gratis Féierunge fir Veräiner a Gruppen un. Dës kënnen den Interessen a Bedierfnësser vun de Participanten ugepasst ginn.
- Dauer: ongeféier 1 Stonn an 30 Minutten
- Sprooch: Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch oder Englesch
- Gréisst vum Grupp: 10-25 Persounen
Féierunge gi just jee no Disponibilitéit organiséiert. Am beschte kontaktéiert Dir eis e puer Méint virum gewënschten Datum.
Schoulklassen
D’Nationalbibliothéik bitt pedagogesch Aktivitéiten fir Schüler vu mindestens 14 Joer aus dem Secondaire (ab 5e) un:
- Féierung vun ongeféier 1 Stonn an 30 Minutten
- Aféierungs-Workshop fir Rechercheaarbecht op a-z.lu (kann fir den TRAPE ugepasst ginn)
Enseignanten a Responsabel vun Dokumentatiouns- an Informatiounszentren (CDI), déi vun dëser Offer profitéiere wëllen, sollten eis esou fréi wéi méiglech kontaktéieren.
Aktualiséiert